Äre Partner am Digitalen Zeitalter

Eist Geschäft befënnt sech am alen Zentrum vun Beefort.
Hei bauen mir fir Iech äre Wonsch Computer zesummen an léisen all Problemer mat ären Geräter, sief et Computer, Apple, Laptop, Tablett oder Smartphone. Mat iwwert 20 Joer Erfarung am Computerberäich kréien mir all Problem an den Greff!


 

Am Beräich vun den Digitalen Medien sinn mir äre Expert fir Webpresenz, Social Medien an Mobil App. Mat eis sidd der un der richteger Adress, wann dir äre Business Fit fir den digitalen Maart maachen wëllt, oder äre alldeeglechen Aarbechtsopwand digital vereinfachen wëllt.

Kontaktéiert eis fir weider Infoen!

Wat bidde mir un

Computer bauen

Dir braucht een neien Computer, sidd awer net sécher wat fir Iech dat richtegt ass? Mir bauen den Computer fir Iech ob Moss an ginn Iech Professionell Berodung fir déi Beschten Leeschtung aus ärem Geld ze huelen.

Reparatur

Dir hutt een Problem mat ärem Computer, Tablett oder Handy an dir wësst net weider? Mir hëllefen Iech gären weider. Maacht een RDV mat eis aus oder kommt bei eis laanscht.

Webpräsenz

Mir erstellen är Websäit, an suergen fir eng ugepassten Webpresenz. Egal ob individuell Websäit, oder Social Media, bei eis sidd der un der richteger Adress.

Applikationen

Dir braucht eng Handy oder Desktop Applikatioun, déi äert Aarbechtsliewen méi einfach maachen soll? Dann zeckt net eis ze kontaktéieren. Mir setzen är Virstellung em, vun der Planung bis zum Release!

Dir hutt eng Fro, zéckt net eis ze Kontaktéieren!